top of page
Forêt

Wat fir Themen a Beräicher eegnen sech fir eng Berodung an der Natur?

Themen déi innerhalb engem klassesche Praxiszëmmer behandelt ginn, kënnen och an der Natur ugaange ginn:

  • Angscht

  • Stress

  • Depressioun

  • Burnout

  • Bezéiungsproblemer

  • Onsécherheeten

  • Trauma

  • Abschid

Froen, déi a bestëmmte Liewenssituatiounen opkomme kënne beschwat ginn:

  • Wat si meng Wäerter?

  • Wat ass meng Visioun?

  • Wou wëll ech hin?

  • Wou stinn ech grad a mengem Liewen?

 

Eng psychologesch Berodung an der Natur kann Iech a follgende Situatioune ënnerstëtzen:

  • Liewenskrisen

  • Schwiereg Decisiounen huelen

  • Berufflech oder privat Neiorientéierung

  • Tëschemënschlech Konflikter (z.B. an der Famill, mat Frënn oder op der Aarbecht)

  • Verloscht oder Trauer

  • Schlofstéierungen

  • Stressbewältegung a Burn-out Präventioun

  • Eleng fillen, eleng sinn

  • Perséinlech Weiderentwécklung

  • Wann d'Problemer am Alldag esou iwwermächteg sinn a den Leidensdrock ass esou grouss, dass d’Gefill do ass et net méi eleng ze meeschteren.

bottom of page