top of page
Kyoto 20170416_221 .JPG

Wéi ass eisen éischte Kontakt?

Den éischte Kontakt ass e gratis Telefonsgespréich vu ca. 15 Minutten.

Dir schreift mir en Message (SMS oder E-mail an der Rubrik: Kontakt) an ech ruffen Iech zeréck.

An dem Gespréich wäerte mir iwwert Är Wënsch an Erwaardunge vun der Berodung schwätzen. Bei dësem Kenneléiere gesi mir och op mir gutt bei enee passen an op mir weider zesumme schaffe wëllen.
Am Fall wou ech Är Problematik esou aschätzen, dass ech Iech net weiderhëllefe kann, recommandéieren ech Iech gären en aner Psycholog*in oder Therapeut*in.

bottom of page